Communauté énergétique Haller Réimerstrooss a.s.b.l.

Wien si mir ?

 Mir sinn e Groupe vu Bierger aus der Gemeng Waldbëlleg , déi sech an enger ASBL zesumme gedoen hu fir ënnereneen eise PV Stroum ze deelen.

Et gi Stroumproduzenten, déi eng PV Anlag um Dag hunn, an awer och Stroumkonsumenten déi dëse Stroum akafen.

E Stroumproduzent kann och Konsument sinn, well e vläicht mei Stroum verbraucht wei seng Anlag liwwert, oder seng Anlag ass no Osten ausgeriicht, dat hien Owes mei Stroum produzéiert, an em Noper seng ass no Westen ausgeriicht, soudass se Moies éischter produzéiert, awer Owes manner laang..